Formations initiales prévues dans le futur
VERÄINSMANAGER:IN / Cadre administratif
LUXQF 3 Formation initiale de base “Cadre administratif”
D’Formatioun hëlleft dir déi néideg Kenntnisser a Fäegkeeten ze gewanne fir deng Aufgaben ze erfëllen, Verantwortung ze iwwerhuelen an am Sënn vun der Weiderentwécklung vum Veräin/Verband ze handelen.
Zilgrupp:
Dirigenten (Cadre administratif) aus de Veräiner a Verbänn, déi aktuell an enger administrativer Roll an engem Veräin oder Verband sinn, esou wéi déi Leit, déi sech an Zukunft wëllen engagéieren.
Kontakt:
christine.mailliet@inaps.etat.lu
FITNESSCOACH
LUXQF 3 Moniteur Sportif Spécialisation Fitness
An dëser INAPS Formatioun dréint sech alles ëm “Coaching” – souwuel vun eenzele Persounen an engem Personal Training, wéi och vu klengen oder gréissere Gruppen.
Als Fitnesscoach ass et däin Ziel, d’Fitnessziler vun de Leit ze erreechen. A fir dass du dës erreeche kanns kriss du Tools a Systemer un d’Hand déi dir et erméiglechen däin Training no deenen effektiivste Methoden ze plangen, an inhaltlech op den nächste Level ze bréngen. Besonnesche Wäert leeë mir dobäi op d’Praxis an deng Coaching Skills.
Zilgrupp:
Fitnesscoachen a Personal Trainer. Haaptberufflecher, Nieweberufflecher an Interesséierter. Trainer, Physiotherapeuten an Athletiktrainer. Keng Viraussetzungen.
- Ëmfang: 120 UF
- Dauer: Maximal 10 Méint
- Sprooch: Lëtzebuergesch
Kontakt & Preinscriptioun:
Mell Dech gär per Mail op jeff.paulus@inaps.etat.lu fir de genaue Programm a weider Detailer zu der Umeldung ze kréien.
Dernière modification le