Infoveranstaltung Benevolatskoordination

De Guide fir d’Benevolatskoordinatioun kritt eng eege Formatioun.

Vill Acteur:innen am Sport kennen de Guide fir d’Benevolatskoordinatioun schonn – gläichzäiteg bleift dacks op, wéi en am Veräinsalldag konkret agesat ka ginn a wéi e konkrete Mehrwäert e fir d’Aarbecht mat Benevolen bitt.

Am Kader vun engem Online-Lunch-Teaser kläre mir:

  • fir wat de Guide geduecht ass,
  • wat e leeschte kann – an
  • firwat seng Wierkung virun allem dann entsteet, wann ee léiert, bewosst mat him ze schaffen.

 

Den Teaser déngt als Aféierung an als Entscheedungshëllef fir déi geplangten 1,5-Deeg Formatioun zum Guide Benevolatskoordinatioun, an där d’Inhalter vum Guide verdéift a praxisbezunn op den eegene Kontext iwwerdroe ginn.

Zil vun der Formatioun ass et, d’Aarbecht mat a fir Benevole am Veräi méi strukturéiert, méi wierksam an entlaaschten ze gestalten.

De Lunch-Teaser riicht sech besonnesch u Sport- a Benevolatskoordinator:innen, mee och u Veräinsvirstänn a engagéiert Persounen déi sech mam Thema Benevolatskoordinatioun beschäftegen oder sech an Zukunft domat beschäftege wëllen.

Umeldung

Durée
12:00 - 13:00
Prix
0.00 €

Du 05/03/2026 Jusqu'au

Lieu : Webinar