Ballschoul Lëtzebuerg

Zilgrupp

Dës Formatioun riicht sech haaptsächlech un Trainer an engagéiert Benevolen, déi am Encadrement vu Kannergruppen an de lokale Veräiner aktiv sinn.

Inhalter vun der Formatioun

De Projet „Ballschoul Lëtzebuerg“, initiéiert vun der INAPS a Kooperatioun mat der Ballschule Heidelberg, ënnerstëtzt d’Leeder vu Kannergruppen bei der freedbetounter Vermëttlung vum Spille mam Ball.

No enger Phase, wou de Fokus virun allem op de Schoulsport geluecht war, riicht sech d’Ballschoul Lëtzebuerg elo verstäerkt un de Veräinssport. D’Inhalter an déi didaktesch-methodologesch Approche vun der Ballschoul loossen sech perfekt an déi verschidden Trainingsprogrammer fir de Kannerberäich vun de Sportsclibb integréieren.

An der Formatioun kréien d’Participanten:

  • eng breet Panoplie u praxiserproufte Spiller, 
  • vill praktesch Tipps fir eng erfollegräich Vermëttlung am Training. 

Ballschoul Lëtzebuerg huet d’Zil, d’motoresch Entwécklung vun de Kanner villfälteg ze fërderen an d’Freed un der Beweegung duerch positiv Erliefnesser ze stäerken. 

Formatiounen an denger Regioun

Uert Datum Auerzäit
Esch 14.03.2026 08:00 - 12:00
Uert Datum Auerzäit
Diddeléng 16.05.2026 08:00 - 12:00
Uert Datum Auerzäit
Nordstad 06.06.2026 08:00 - 12:00

Umeldung Esch

Durée
08:00 - 12:00
Prix
0.00 €

Du 14/03/2026 Jusqu'au

Lieu : Esch

Umeldung Diddeléng

Durée
08:00 - 12:00
Prix
0.00 €

Du 16/05/2026 Jusqu'au

Lieu : Diddeléng

Umeldung Nordstad

Durée
08:00 - 12:00
Prix
0.00 €

Du 06/06/2026 Jusqu'au

Lieu : Nordstad